Inseréiert
Är Annonce
gratis
Heefeg gestellte Froen (FAQ)

Dir musst Iech bei Vazap umellen fir Zougang zu verschidde Fonktiounen ze kréien (eng Annonce, eng firma opginn, fir bei Spiller matmachen, asw...). D'Umeldung ass einfach, gratis an eemolech. Fir dat ze machen musst Dir :

  • Äer Hapt-Koordonnéën eraginn, déi ganz diskret behandelt ginn. Et ginn keng perséinlech Donnéën un Drëttpersounen weidergeleet.
  • Äer e-mail Adress uginn an ee Passwuert wielen fir Äeren Zougang ofzesécheren
    Dir kritt direkt duerno en E-mail als Bestätigung mat engem Link deen Iech erlabt definitiv Äer Zougangs-Ufro ze confirméieren. Klickt op de Link fir Äere Login an Äert Passwuert ze confirméieren.
    Sollt Dir dëse Bestätigungs E-mail net kréien, da kontaktéiert eis.
 
 

D'Opginn vun den Annoncen an der Rubrik "Annoncen"  an ‘’ Professionneller ‘’ ass fir all Kategorien gratis.

• Sicht Iech déi Kategorie eraus déi am beschten zu Äerem Artikel passt.
• Gitt dem Artikel ee kuerzen Titel, mat Begrëffer dran déi d'Internet-Surfer gebrauche gengen, fir deen Artikel ze sichen.
• Beschreiwt Äeren Artikel sou détailléiert wéi méiglech. Macht wa méiglech och eng Beschreiwung op englesch. Dat vergréissert Äer Verkafschancen op internationalem Plang.
• Vergiesst net den Alter an den Zoustand vum Artikel unzeginn.
• Gitt de gewënschte Präis un.
• Dir kënnt och e puer Fotoen bäisetzen. Dës Fotoen ginn automatesch op eng Standard Gréisst ugepasst : dëse Virgang kann e puer Minute daueren, mais et verbessert bedeitend Äer Verkafschancen.
• Nom Ausfëlle vum Verkafs-Formulaire, kontrolléiert d'Richtegkeet vun Äeren Donnéën a confirméiert uschléissend.
Äer Annonce gëtt während 30 Deeg ugewisen. Duerno gëtt se automatesch gelescht. Si bleiwt awer nach zousätzlech 30 Deeg an eiser Datebank gespäichert, ass awer net méi ze gesinn. D'Annonce kann während där Zäit mat engem Klick op «verlängeren». erem aktivéiert ginn..No där Desaktivatiouns-Zäit ass Äer Annonce definitiv aus eiser Datebank gelescht.

 

 

Soubal Dir op d'Internet Säit gitt, kommt Dir op d'Lëscht vun den Hapt-Kategorien. Déi sinn an Ënner-Kategorien opgedeelt. Surft a wielt Äer Kategorie : a Klammeren steet hanner all Kategorie d'Zuel vun den Annoncen.

Dir kënnt ganz einfach d'Land oder d'Sprooch änneren andeem Dir d'Ofrull-Menuen op der lenker Navigatiounsläischt aktivéiert..
D'Commanden schnell nosichen oder präzis nosichen stinn zu Äerer Verfügung. Klickt 'Verglaischen' un, fir d'Lëscht vun den Offeren ze kierzen a nëmmen déi unzeweisen déi Iech interesséieren.

 

Beim Sichen kënnt Dir déi Annoncen uklicken déi Iech interesséieren. Mat engem einfache Klick op «Verglaischen» kënnt Dir Äer Annoncen mateneen vergläichen. Zu jidder Zäit kënnt Dir op d'Haptlëscht zréckgoen.
Opgepasst : Äer Auswiel bleiwt nëmmen sou lang bestoen wéi Dir um Site sitt. Sou bal Dir d'Internet-Säit zou macht, ass Äer Auswiel gelescht.

 

Fir méi präzis nosichen ze kënnen, hutt Dir ee Formulaire wou Dir no folgende Kritären siche kënnt:
• Präiskategorie
• Datum wéini d'Annonce opginn ass
• Regioun a Land
• Typ vun Annonceur
• Annonce mat oder ouni Foto
• Typ an Zoustand vum Artikel

Dir hutt véier Such-maschinnen fir präzis nozesichen:

• General sichen
• Immobilien sichen
• Autoe sichen
• Vakanze-Locatioune sichen"

 

 

De Status vun enger Annonce kennt zwou Méigleckeetn:
• Eng aktiv Annonce : um Site ze gesinn
• Eng net aktiv Annonce : net méi um Site ze gesinn, awer nach an eiser Datebank gespäichert
Äer Annoncen ginn automatesch 30 Deeg nodeem se opgi sinn, desaktivéiert. Huet sech bis dohinn nach kee Keefer gemellt, kënnt Dir Äer Annonce verlängeren
Wann Dir d'Rubrik «verlängeren» lenks an der Navigatiounsläischt uklickt, gesitt dir d'Annonce oder d'Lëscht vun Äeren Annoncen déi momentan aktiv oder net aktiv sinn mat hirem Verfallsdatum.
Ee Klick op «Verlängeren» bei all Annonce erlabt Iech d'Annonce fir 30 Deeg ze verlängeren oder se ze reaktivéieren wann se net méi aktiv war. De Verfallsdatum gëtt automatesch aktualiséiert.
Opgepasst: All ofgelafen Annonce déi an deenen 30 Deeg no hirem Verfallsdatum net reaktivéiert gëtt, verschwënt definitiv aus der Datebank.

 

Fir de Präis vun enger Annonce ze änneren, schreiwt dee neie Präis an dat richtegt Feld. a klickt op «änneren» fir ze confirméieren.

Nëmmen aktiv Annoncen kënnen ofgeännert ginn. Fir eng geleschten Annonce ofzeänneren, musst Dir fir d'éischt op d'Säit «verlängeren» goen fir se rem ze aktivéieren. Duerno kënnt Dir de Präis änneren.

 

Äer Annoncen ginn automatesch 30 Deeg nom Verfallsdatum an eiser Datebank gelescht.
Dir kënnt Äer Annoncen och manuell leschen, ob aktiv oder net aktiv. Wann Dir d'Rubrik
«leschen» lenks an der Navigatiounsläischt uklickt, gesitt dir d'Lëscht vun den Annoncen déi momentan aktiv oder gelescht sinn mat hirem Verfallsdatum.
Ee Klick op «leschen» erlabt Iech, déi gewielten Annonce définitiv ze leschen.

 

De gréissten Deel vun de Probleemer kënne geléist gin, wann Dier Äer Cookies läscht andeems Dier Äer Cache eidel maacht (Dier kritt Iech net identifizéiert, Dier kritt keng Fotoën eropgelueden,...). Dier kënnt dës Virgäng ausféieren andeems Dier an de Menü « Outils » vun Äerem Browser gitt (dann « Options“ oder „Options Internet“).

 

Wann Dier eng Annonce opgin hudd an Dier gesidd së net: wann ët sech em Äer éischt Annonce handelt, musst Dier së bestätegen, andeems Dier op de Link an der E-Mail klickt, déi mir Iech just duerno schécken. Wann Dier dës E-Mail net kritt, gidd an Äere Spam-Uërdner kucken (et as méiglech, dass den E-Mail gefiltert gouf) oder gidd an Äere Kont fir den E-Mail nach emol ze schécken. Wann Äere Kont scho bestätegt gouf, as ët méiglech, dass d’Annonce ënnerwee verluer gaangen as, an deem Fall musst Dier d’Annonce nach emol opgin.

 
  • Maacht schéin, nei Fotoën an ee Video gratis iwer youtube
  • Sicht op vazap no deemselwechte Produkt, dat Dier verkafe wëllt an passt Äere Präis vis-à-vis zu deem aneren un.
  • Setzt Äer Annonce op d’Titelsäit vu 5 Länner fir 1 Mount.

  • Wann Dier dann ëmmer nach net verkaft hudd, an Dier wëllt, dass eis Equipp sech an Äerer Plaz ëm de Verkaf këmmert, féiere mir fir Iech eng spezifësch Etude duerch, mellt Iech bei eis.

Mäi Konto

Falls Dier schonn e Konto hutt, gitt w.e.g. Är E-Mail Adress an Äert Passwuert an vir Iech anzeloggen.

E-Mail

Passwuert



Dir hutt Är Passwuert vergiess?

Dir sidd na net ageschriwwen?
Schreiwt Iech elo an

Informatiounen:
Tariffer
6 Grënn?
FAQ
Tipps
Kontakt
RSS-Feeds

 

Déi 10 lescht Insertiounen