Inseréiert
Är Annonce
gratis
Konditioune fir d'Benotzung

Zeréck

Fir eisen Internet Site ze benotzen oder eng Annonce ze schalten, erklärt Dir Iech mat folgende Konditiounen averstanen.

1. Inhalt

Den Annonceur ass selwer responsabel fir d'Herkunft an den Inhalt vu senger Annonce. Hien däerf op kee Fall falsch Deklaratioune maachen a muss d'Rechter vun drëtte Persoune respektéieren. Hien eleng ass responsabel fir d'Informatiounen, déi an den Annonce présentéiert ginn, oder fir all aneren Inhalt, dee vun him iwwer de Site vazap verbreet gëtt. vazap spillt nëmmen d'Roll vun engem passiven Intermédiaire.

Dir erkennt un, datt d'Informatioune vun den Annoncen net onbedéngt komplett sinn an datt et un Iech selwer ass, fir dës Informatiounen ze kontrolléieren éier Dir e Contrat de Vente ofschléisst. vazap kontrolléiert weder d'Richtegkeet vun den Annonceuren hire perséinlechen Donnéeën, nach d'Qualitéit, de Fonctionnement, d'Geforen, d'Legalitéit, den Allgemengzoustand oder d'Konformitéit vun den Artikelen, déi zum Verkaf stinn a kann duerfir fir dës Elementer net responsabel gemaach ginn.

vazap behält sech d'Recht vir, verschidden Annoncen ze refuséieren oder ze leschen ouni virdrunn eng Mise en Demeure présentéiert ze hunn. All pornografesch, rassistesch oder illegal Inhalter, déi d'Integritéit vun aneren Internauten oder den Image de Marque vu vazap verletze kënnte, si verbueden.

Et ass verbueden, de Site vazap ze benotze fir aner Internauten oder drëtt Persounen ze beleidegen oder ze vernennen.


2. Perséinlech Donnéeën

vazap engagéiert sech, déi Informatiounen, déi Dir hinne matdeelt, net un drëtt Persoune weiderzeginn, mat Ausnahm vun deene Clienten, déi den Accès zu de Kontaktdonnéeën vun den Annonceure bezuelt hunn. Är Informatioune si confidentiel. Si gi vu vazap intern just fir den Traitement vun Ärem Compte benotzt. D'Nimm a Virnimm ginn op kee Fall verëffentlecht. Mir maachen alles, fir Är Donnéeën esou gutt wéi méiglech ze schützen. Am Fall vu Fälschung oder aneren illegalen Handlungen duerch Benotzer vu vazap, kënnen hir Donnéeën de geriichtlechen Autoritéiten oder der Police zur Verfügung gestallt ginn.

De Benotzer engagéiert sech fir exact perséinlech Informatiounen ze ginn.


3. Präisser a Servicer

D'Insertioun vun Annoncen op eisem Site ass gratis.


Präisser fir d'Publicitéit

D'Insertioun vu Publicitéit  ass net gratis.
Weider Informatiounen kritt Dir ënnert der Rubrik "Tarifer".


4. Sécherheet vun de Payementer

All Payement leeft iwwer den online Payementsystem vun eisem Partner  Paypal.

Bäi Paypal  ass d'Sécherheet eng Garantie! Weider informationen :

 

https://www.paypal.com/lu


5. Responsabilitéit

vazap ka net responsabel gemaach gi wa kee Verkaf tëschent de betraffene Parteien um Site vazap zustan kënnt oder wann de betraffenen Artikel net bezuelt oder geliwwert gëtt. vazap gëtt och keng Garantie fir d'Solvabilitéit vum Keefer.
Well mir eis net an d'Transaktiounen tëschent de Verkeefer and de Keefer amësche, si mir och net responsabel fir Litigen tëschent de Benotzer vun eisem Site.

vazap ass net responsabel fir technesch Pannen, déi net direkt duerch hir Schold entstane sinn, an duerfir ka keng Demande fir Entschiedegung acceptéiert ginn.

vazap ass net responsabel fir d'Informatiounen, déi an den Annoncë présentéiert ginn, oder fir all aneren Inhalt, dee vun den Annonceuren iwwer de Site vu vazap verbreet gëtt. vazap spillt nëmmen d'Roll vun engem passiven Intermédiaire.

6. Droits d’auteur

All Reproduktioun, ob vollstänneg oder deelweis, am Grand-Duché vu Lëtzebuerg oder am Ausland, vun dësem Site ass strengstens verbueden am Hibléck op déi gülteg rechtlech Bestëmmunge betreffend d'intellektuell an artistesch Propriétéit.

vazap ass Propriétaire vu sämtleche Rechter am Beräich vun der interlektueller Propriétéit, wéi zum Beispill Multimedia-Kreatiounen, Software, Datebanken, souwéi Biller and Texter betreffend de Site vazap. All net-autoriséiert Reproduktiounen, ob vollstänneg oder deelweis, souwéi d'Erofluede vun Datebanken vum Site vazap si verbueden. All Versuch an de System vum Traitement vun den Donnéeën anzebriechen ass strofbar.

Eng kommerziell Benotzung heivun ass net erlaabt a féiert zu deenen entspriechende Strofmosnahmen.


7. Passwierder an Accèscoden

Den Accès gëtt duerch Är e-mail Adress an e Password, dat Dir selwer eraussicht, geschützt. Et ass un Iech selwer, déi néideg Mesuren zu huelen, fir dëst Password ze schützen.

Wann Dir Äert Password vergiess hutt, kritt Dir et vun engem Système de Rappel iwwer e-mail erëm zougeschéckt. Dir kënnt och eng Demande maache, fir en neit Password ze kréien.

vazap ass net responsabel, wann Äert Password duerch eng drëtt Persoun onerlaabt benotzt gëtt.

8. Professionnel Persounen

Eise Site huet eng speziell Rubrik fir professionnel Persounen.
Als Professionnelle, musst Dir folgend Konditiounen erfëllen :

am Registre du Commerce et des Sociétés ageschriwwe sinn

eng Comptabilitéit no den nationale gesetzleche Virschrëfte féieren

TVA an aner zoutreffend Steiere bezuelen



9. Obligatoresch Informatiounen

De Produit vazap gehéiert :

A&D Management sarl
19, rue Jean Waxweiler
L-4783 Pétange

Luxembourg

 

 


10. Ännerungen

vazap behält sech d'Méiglechkeet vir, d'Benotzungskonditiounen zu all Zäit unzepassen oder ze änneren. Sämtlech Ännerunge ginn de Cliente vun eisem Site direkt online matgedeelt.

 

 

 

Mäi Konto

Falls Dier schonn e Konto hutt, gitt w.e.g. Är E-Mail Adress an Äert Passwuert an vir Iech anzeloggen.

E-Mail

Passwuert



Dir hutt Är Passwuert vergiess?

Dir sidd na net ageschriwwen?
Schreiwt Iech elo an

Informatiounen:
Tariffer
6 Grënn?
FAQ
Tipps
Kontakt
RSS-Feeds

 

Déi 10 lescht Insertiounen